Dëse Méinden 21. Oktober 2019 fënnt um 19:30 Auer am groussen Festsall vun der Mamer Schoul d'Wahl vun Elterevertrieder fir d'Schoul Mamer statt.
D'Wahl fir d'Schoul Capellen fënnt den Mëttwoch 23. Oktober 2019 um 19:00 Auer am Campus Capellen statt.
Dauer vum Mandat as vun zwee op dräi Joer verlängert ginn. D’Mandat vun den aktuelle Vertrieder leeft dëst Joer aus.
Missioune vun den Elterevertrieder: Op Convocatioun vum President vum Schoulcomité an all Kéier, wa si selwer dat ufroen, versammele sech d’Elterevertrieder mam Schoulcomité fir
- iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun an d’Propos fir de Plan de développement scolaire (PDS), déi de Schoulcomité ausgeschafft huet, ze diskutéieren an dës, wann néideg, ze änneren an ze ergänzen;
- Versammlungen a gemeinsam Veranstaltunge vun de Schoulpartner ze organiséieren;
- Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Organisatioun vum Liewen an der Schoul zesumme mat de Schüler ze formuléieren.
Zuel vu Versammlungen: Et ginn op d’mannst dräi Versammlunge pro Schouljoer organiséiert.
Weider interessant Informatiounen fannt dir op www.elteren.lu