Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 06/01/2010

Eveil musical DUO DINEV

Den Duo Dinev huet de Kanner vum 6. Schouljoer vu Mamer an der Cap eng flott Virstellung gin mat Marimba a Piano. D'Kanner an d'Léierpersonal waren begeeschtert an hu gut matgemaach. Des Initiativ ass ausgang vun der Commission des Affaires culturelles, dem Cercle culturel communal an de Jeunesses Musicales. Hinnen e grousse Merci.

Weiderliesen
Publizéiert den 12/12/2009

Biblio-Croissant vun der APEM

D'Elterevereenegung vu Mamer huet d'Schoulkanner op hiren 2. Bibliocroissant an d'Schoulbibliothéik vum Campus Kinneksbond invitéiert. Bei deser Gelegenhet huet d'APEM dem Bibliothécaire Tom Carier e Scheck vu 1500 Euro iwwereecht fir d'Bibliothéik weider am Interesse vun de Kanner vum Cycle 1-4 auszebauen.
Ongeféier 100 Kanner ware mat hiren Elteren op dese Bibliocroissant komm a kruten nieft intellektuelle Fudder och e Gedrenks mat engem Kichelchen offréiert.

Weiderliesen
Publizéiert den 21/11/2009

Scheckiwwereechung Emilie Lahr

Viru kuerzem hun déi Caper Schoulkanner dem Emilie Lahr e Scheck vun 1530 Euro iwwerreecht, fir him ze hëllefen déi extrem deier Medikamenter géint seng schwéier Krankheet ze kaafen. D'Emilie an seng Elteren waren ganz frou an d'Emilie huet de Kanner e selwergemoltend Bild matbruecht fir hinne Merci ze soen.
D'Kanner haten des Souen gesammelt wéi si um Caper Schoulfest hir Konschtwierker déi si an der Schoul gebastelt a gemolt haten, verkaaft hun.

Weiderliesen
Publizéiert den 21/11/2009

Eveil musical an de Mamerschoulen

De Quattuor de saxophones huet de Kanner vum Cycle 3.1 aus der Gemeng Mamer des flott Instrumenter an enger interessanter an interaktiver Virstellung présentéiert. D'Kanner an d'Léierpersonal ware begeeschtert.
Des Virstellung gouf organiséiert vun der Kulturcommissioun an dem Cercle Culturel vun der Gemeng Mamer.

Weiderliesen
Publizéiert den 10/11/2009

Chinesesche Sproochcours an der Maison Relais

An der Allerhelge-Vakanz haten d'Kanner vun der Maison Relais d'Méiglechkeet unn engem klenge Chinesech-Cours vunn der Madame Hsu Shu-Hui deelzehuelen. Paralell dozou hunn och nach weider Aktivitéite stattfond fir déi asiatesch Kultur besser kennenzeléieren (Origami-Konscht, Kalligrafie) an et stoungen och asiatesch Spezialitéiten um Menü.

Weiderliesen
Publizéiert den 30/10/2009

Biblio-Croissant

L'APEM vous invite au BIBLIO-CROISSANT, samedi, le 12 décembre 2009, 11h00-12h00, Bibliothèque scolaire Mamer Kinneksbond.

Weiderliesen
1 59 60 61 63 64 65 75