Den 2. Februar 2023 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee fir an den Cycle 2-4 liichten ze goen.
Den 2. Februar as traditionel den Dag vum Liicht. No engem lëtzebuerger Gebrauch bréngen d'Kanner deen Daag mat hiren Lampion'en d'Liicht an d'Haiser. Dobäi ginn d'Kanner vun Haus zu Haus a sangen e Lidd. Als Merci kréien si vun den Läit Séissegkeeten oder Suen.
Text vum Lidd:
Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.