Mamerschoulen
Neiegkeeten
FLYER Sicona kids
Natur erliewen an der Gemeng:
D'Naturdetektive vum Sicona ënnerwee an der Gemeng Mamer mam Jess fir den Cycle 2 - 4 .
continuer la lecture
Verkéierskasper vun der Sécurité Routière gespillt vun der Police Lëtzebuerg
D'Kanner vum Cycle 1 Préscolaire aus den Gemengen Bertrange, Hobscheid, Kehlen, Koerich, Kopstal, Mamer, Steinfort, Strassen an der Europaschoul Mamer kréien dest Joer d'Kanner op eng spilleresch Art a Weis d'Verkéiersregelen beibruecht.
Sie léieren dass Police do ass fir hinnen ze hëllefen a dass Sie kéng Angscht virun hinnen mussen hun.
D'Theaterstéck 'Wien huet de grénge Männche geklaut?' eng Initiativ vun der Sécurité Routière gett gespillt vun der Police Grand-Ducale.
continuer la lecture
LIESNUECHT OP DER CAP
Den 8. Februar 2024 hat d’Léierpersonal vun der Cap eng Liesnuecht organiséiert fir d’Schoulkanner vu Capellen an Holzem.
D’Kanner goufen a Gruppen agedeelt an iwwert den Owend kruten si a verschiddenen Ateliere flott Aktivitéite gebueden.
D’Kanner konnten och iwwert d’Nuecht mat hirem Titulaire an hirem Klassesall schlofen.
Moies ass fir de Kaffi gesuergt ginn an d’APECH huet hinnen an der Paus eng Schokolasrull ausgedeelt.
Duerfir soe mir der APECH e grousse Merci.
continuer la lecture
De Piwitsch #7
Veuillez trouvez en annexe le nouveau 'De Piwitsch'.
https://www.piwitsch.lu/
Bonne lecture
continuer la lecture
Liichtmessdag 2024 EF Mamer
Den Freiden, 2. Februar 2024 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee fir an den Cycle 2-4 liichten ze goen.
Den 2. Februar as traditionel den Dag vum Liicht. No engem lëtzebuerger Gebrauch bréngen d'Kanner deen Daag mat hiren Lampion'en d'Liicht an d'Haiser. Dobäi ginn d'Kanner vun Haus zu Haus a sangen e Lidd. Als Merci kréien si vun den Läit Séissegkeeten oder Suen.
continuer la lecture