
Ouschterhues 2025
Den 04. Abrëll 2025 war den Ouschterhues an der Mamer Schoul op Besuch.
Fir de Kanner eng kleng Freed ze machen krut all Kand vun der APEM een leckeren Ouschterhues.
Merci un d'Memberen vun der APEM.
Weiderliesen
Den 04. Abrëll 2025 war den Ouschterhues an der Mamer Schoul op Besuch.
Fir de Kanner eng kleng Freed ze machen krut all Kand vun der APEM een leckeren Ouschterhues.
Merci un d'Memberen vun der APEM.
Gëschter um 1. Abrëll, hat d'Léierpersonal eng ganz besonnesch Iddi fir d'Kanner an den Abrëll ze schécken. Um 11h07 sollt e ganzt aussergewéinlecht Phänomen stattfannen. Wéint der elliptescher Ëmlafbunn vun der Äerd ëm Sonn, an der gläichzäiteger Ëmrondung vum Mound ëm d'Äerd, géing et zu klenge Verschibunge vun der Schwéierkraaft kommen. Genau tëschent 11h07 an 11h08 wär déi Äerdunzéiungskraaft sou mann wéi nach ni an de mënschleche Kierper kéint aussergewéinlech Leeschtunge bréngen. D'Kanner sollte probéieren esou héich wéi méiglech ze sprangen. De Gewënner géing mat senger Klass an den ESA-Zenter op Paräis invitéiert ginn.
Den Abrëllsgeck war gelongen an d'Kanner esou wéi d'Léierpersonal hate vill Spaass.
D’Schüler an d’Enseignanten vun der Mamer Schoul hunn hir Solidaritéit gewisen an e generéisen Don vun 3.610 € un d'Fondation Lions Luxembourg – Action Téléthon iwwerreecht.
Fir dës Zomm ze sammelen, hunn d’Kanner mat vill Engagement Putschen verkaaft, déi dono op d’Chrëschtbeemcher gehaange goufen. Dës Aktioun huet net nëmmen fir eng flott festlech Stëmmung gesuergt, mee och gewisen, wéi wichteg Zesummenhalt a Matgefill an eiser Gesellschaft sinn.
Fir d'Scheckiwerrechung war d'Gemeng Mamer duerch de Buergermeeschter Luc Feller mat de Schäffe Roger Negri, Francine Closener a Ed Buchette vertrueden.
D’Fondation Lions Luxembourg bedankt sech häerzlech fir dësen generéise Geste, deen dozou bäidréit, Mënschen mat enger Krankheet z’ënnerstëtzen an d’Fuerschung weiderzebréngen.
E grousse Merci un all d’Schüler, d’Enseignanten an all déi, déi dës Initiativ ënnerstëtzt hunn!
https://telethon.lu/
Wéi all Joers hunn d'Kanner vu Capellen an Holzem d'Action "ëmgedréiten Adventskalenner" lancéiert. All Dag huet een anert d'Kand Iessen oder Hygiènesproduite fir manner bemëttelt Léit matbruecht. Déi goufen dunn a Präsenz vun den Häre Luc Feller, Roger Negri an Ed Buchette feierlech un déi Responsabel vum Cent Buttek iwwerreecht.
Ausserdeem haten d'Schoulkanner um Chrëschtmaart fläisseg Sue gesammelt andeems se Flutsche fir op de Chrëschtbeemche verkaaft haten. Den Erléiss ass un den Téléthon gaangen,
Den 31. Januar 2025 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee.
Am Nomëtteg war et dunn un den Klassen aus der Préscolaire déi an den Cycle 2-4 liichten komm sinn.
Den 2. Februar, um Virowend vum Blaisedag, feieren d'Kanner Liichtmëssdag. Mat Liichtebengelcher oder Luuchten an der Hand gi se vun Haus zu Haus sangen a kréien Séissegkeeten oder Geld als Géigewier. Fir dës Geleeënheet sange si en traditionellt Lidd, dat all Kanner kennen, dat mam Léiwer Härgottsblieschen ufänkt.
Quell vun dëser Versioun: Nik Welter 1929 an der Literatur.
Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen,
an déi al Leit stierwen / derniewent.
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.
De Freideg, 31. Januar 25 sinn d'Kanner aus dem C1 vun der Grondschoul Capellen liichte gaangen. Si hunn dem C2-C4 hir Lidder virgedroen, déi si ganz fläisseg mat hire Jofferen an deene leschten Deeg geübt haten.
Dono si si weidergezunn an den Home pour personnes âgées vu Mamer wou si den Awunner vum HPPA och hir Gesankstécker virgedroen hunn.