Mamerschoulen
Home

Journée de l'abeille
22/04/2014Den 30. Abrëll (Cycle 3.1) an den 2. Mee (Cycle 3.2) fënnt eis "Journée de l'abeille" um Site vun der Ecole fondamentale um Kinneksbond statt.
A 6 verschiddene Workshops setzen d'Schoulkanner sech mat de Beien, hiren Eegenschaften an Aufgaben, Produkter a.s.w. auserneen. Fir déi Period stinn och echt Beievölker am Schoulgaart, déi ënnert der Uleedung vu Fachpersonal kënne bestaunt ginn.
D'Journée de l'abeille fënnt statt vun 8.15 Auer bis 13.00 Auer. D'Mëttesstonn verbréngen d'Kanner mat hirem Titulaire um Site vun der Schoul.