Mamerschoulen
Home
Schoulsportdag 2014 - 5. Juni
05/06/2014D'Schülerinnen an Schüler vum Cycle 2 an 3 waren haut déi éischt déi op déi selleg Atelieren vum Schoulsportdag lassgelooss ginn sinn. Vun Basket, Football an Dëschtennis bis zu Nordicwalking, Triathlon an Karate war fir jiddereen eppes derbäi. An deenen verschiddenen Geschécklechkeets Parcours'en an Spiller gouf den Kanner d'Freed un Sport an Beweegung op eng verspillten Aart an Weis vermëttelt.
Een groussen Merci un all déi Fräiwëlleg aus deenen verschiddenen Veräiner déi den Schoulsportdag all Joers méiglech maachen.