Mamerschoulen

Home

Journée de l'arbre 2014

07/11/2014

D'Kanner vum Cycle 3.1 mat hirem Léierpersonal aus der Grondschoul vun der Gemeng Mamer,  hunn am Kader vum Dag vum Bam 2014 gehollef eng Heck beim Verkéiersgaart op der Cap ze planzen. No der schwéierer Arbecht huet, no guddem lëtzebuergeschem Brauch, och eppes géint den Honger an den Duuscht mussen ënnerholl ginn.
Dës flott Aktioun ass vum Fieschter an sénge Leit organiséiert a vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn.
E grousse Merci un all déi Leit déi un dëser Aktivitéit bedeelegt waren .