Mamerschoulen

Home

Fairtrade-Laf 2015

15/05/2015

Trotz dem schlechte Wieder sinn d'Kanner, Léierpersonal an nach engagéiert Leit vun de Mamerschoulen, am Kader vun der "Lëtz Step" Aktioun vun Fairtrade Lëtzebuerg, fir méi e gerechten Handel an der Welt gelaf. 628 Kanner a 25 Erwuëssener sinn 5232 Ronnen vun 530m gelaf. Dat mécht am ganzen 2772.9 km (vu Mamer bis op Lanzarote).
D'Kanner si gesponsort ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten. Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.
Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Thierry Hübsch an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.