Abrëll, Abrëll
Gëschter um 1. Abrëll, hat d'Léierpersonal eng ganz besonnesch Iddi fir d'Kanner an den Abrëll ze schécken. Um 11h07 sollt e ganzt aussergewéinlecht Phänomen stattfannen. Wéint der elliptescher Ëmlafbunn vun der Äerd ëm Sonn, an der gläichzäiteger Ëmrondung vum Mound ëm d'Äerd, géing et zu klenge Verschibunge vun der Schwéierkraaft kommen. Genau tëschent 11h07 an 11h08 wär déi Äerdunzéiungskraaft sou mann wéi nach ni an de mënschleche Kierper kéint aussergewéinlech Leeschtunge bréngen. D'Kanner sollte probéieren esou héich wéi méiglech ze sprangen. De Gewënner géing mat senger Klass an den ESA-Zenter op Paräis invitéiert ginn.
Den Abrëllsgeck war gelongen an d'Kanner esou wéi d'Léierpersonal hate vill Spaass.
Weiderliesen