Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 16/12/2019

Marché de Noël Campus Capellen 18.12.2019


Weiderliesen
Publizéiert den 05/12/2019

Boxemännercher 2019


D'Elterevereenegungen APEM/APECCH hunn zu Mamer a Capellen am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, eng 950 Boxemännercher ausgedeelt.

Der APEM an der APECCH e grousse Merci vun eis all.

Weiderliesen
Publizéiert den 14/11/2019

29.11.2019---Conférence: Décoder et comprendre les enfants à hauts potentiels

D'Schoulpersonal aus denen 2 Grondschoulen aus der Gemeng Mamer inviteieren all d'Elteren vun de Grondschoulkanner aus dem Cycle 1 - 4 op eng interessant Konferenz mat dem Thema: Kanner mat héijer Begabung erkennen a verstoen.

D'Konferenz dei den Freiden, 29. November 2019 vun 19.00 bis 20.30 Auer am Primairegebai Kinneksbond stattfend, gëtt op franséisch gehaalen a get simultan op Englesch iwersaat.

Weiderliesen
Publizéiert den 04/11/2019

De Vivarium an der Mamer Grondschoul

Dëser Deeg waren zwee interessant Artikelen iwwert den Vivarium vun der Mamer Grondschoul an der geschriwener Presse.

Bonne lecture.

Quelle: SNE + Wort.lu

Weiderliesen
Publizéiert den 30/10/2019

Invitatioun Vivario-Biblio-Croissant 2019


Weiderliesen
Publizéiert den 21/10/2019

Wale vun den Elterevertrieder 2019 Schoul Mamer a Capellen

Dëse Méinden 21. Oktober 2019 fënnt um 19:30 Auer am groussen Festsall vun der Mamer Schoul d'Wahl vun Elterevertrieder fir d'Schoul Mamer statt.

D'Wahl fir d'Schoul Capellen fënnt den Mëttwoch 23. Oktober 2019 um 19:00 Auer am Campus Capellen statt.

Dauer vum Mandat as vun zwee op dräi Joer verlängert ginn. D’Mandat vun den aktuelle Vertrieder leeft dëst Joer aus.

Missioune vun den Elterevertrieder: Op Convocatioun vum President vum Schoulcomité an all Kéier, wa si selwer dat ufroen, versammele sech d’Elterevertrieder mam Schoulcomité fir

  • iwwer d’Propos fir d’Schoulorganisatioun an d’Propos fir de Plan de développement scolaire (PDS), déi de Schoulcomité ausgeschafft huet, ze diskutéieren an dës, wann néideg, ze änneren an ze ergänzen;
  • Versammlungen a gemeinsam Veranstaltunge vun de Schoulpartner ze organiséieren;
  • Proposen zu alle Froen am Zesummenhang mat der Organisatioun vum Liewen an der Schoul zesumme mat de Schüler ze formuléieren.

Zuel vu Versammlungen: Et ginn op d’mannst dräi Versammlunge pro Schouljoer organiséiert.

Weider interessant Informatiounen fannt dir op www.elteren.lu


Weiderliesen
1 18 19 20 22 23 24 73