Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 10/10/2018

Liesowend-Liesnuecht Schoul Capellen 25. Oktober 2018

De 25. Oktober 2018 hunn d'Kanner vum Cycle 1.2 bis Cycle 4.2 vun der Caper Schoul hire Liesowend, resp. hir Liesnuecht.

Um Programm dest Joer stinn:

- e Lies-Rallye fir all d’Kanner
- eng Liesnuecht fir d'Kanner, déi an der Schoul schlofen

De Kaffi gëtt organiséiert an zervéiert vun der APECH.

 


Weiderliesen
Publizéiert den 17/09/2018

Rentrée Scolaire Mamerschoulen 2018/19

Den 17. September 2018 um 08:00 Auer haut de moien war et erëm esou wäit.

Bei flottem Wieder war d'Rentrée Scolaire an den Mamerschoulen op dem Campus zu Mamer an zu Capellen.

Weiderliesen
Publizéiert den 13/07/2018

Schoulfest 2018 Campus Capellen

Bei herrlechem Wieder war den 13. Juli 2018 dat grousst Schoulfest vun de Mamerschoulen um Site Capellen.

D'Fest mat villen Attraktiounen gëtt organiséiert vun den Elterevereenegungen vu Capellen/Holzem (APECH)

Weiderliesen
Publizéiert den 11/07/2018

Remise Chèque Fairtrade Mamerschoulen

Am Kader vun der "Lëtz Step" Aktioun vun Fairtrade Lëtzebuerg war haut eng kleng Réceptioun zesummen mat der Gemeng Mamer wou Fairtrade Lëtzebuerg een Chèque vun den Kanner aus den Mamerschoulen iwerrecht kritt huet.

Fir den Spendenlaaf vum 22. Juni 2018 sin d'Kanner gesponsort ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten.

Groussen Merci fir den gudden Zweck.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/07/2018

Schoulfest 2018 Campus Mamer

Den 06. Juli 2018 um 16:00 Auer ass dat grousst Schoulfest vun de Mamerschoulen um Site vum Primaire um Kinneksbond.
D'Fest mat villen Attractiounen gëtt organiséiert vun den Elterevereenegungen vu Mamer (APEM)


Weiderliesen
Publizéiert den 04/07/2018

Croix Rouge

D'Lokalsektion vun der Croix-Rouge Mamer-Cap-Holzem war den 04. Juli 2018 op Besuch an den Mamerschoulen.

D'Kanner aus dem Cycle 4.2 kruten vun den Madamen Djuna Bernard, Manon Elsen, Gisela Wagner souwei dem Här Alphonse Schmid eng interessant Présentatioun vum Bénévolat an dem sozialen Engagement am lëtzebuerger Rouden Kräiz.

Weiderliesen
1 24 25 26 28 29 30 73