KANNER ENG STËMM GINN
D’Schüler aus der Klass 4.2E hu sech als Zil gesat, en Charitysong z’erstellen an dëse fir ee gudden Zweck ze verkafen. Esou hate si d’Geleeënheet, de ganze Prozess vum Schreiwe vum Song, iwwert d’Übe vum Lidd bis zur Opnahm am Studio an dem Entwéckle vun engem Werbeflyer mat z’ erliewen.
D’Sängerin a Songwriterin Jeneli huet d’Kanner dobäi méintlaang begleed. Dobäi erauskomm ass eist dräisproochegt Lidd “Change”, dat een als CD oder MP3 kafe konnt. Och no de Chèque-Iwwerreeschunge koumen nach Spenden eran, déi mir nodréiglech iwwerwisen hunn. D’Lidd ass ronn 170 mol verkaf ginn, sudass mir finalement 2.275 Euro zesummekruten.
Op Wonsch vun de Kanner ass déi Somme op d’Kannerhaus Jean vun der Croix-Rouge an op d’Fondatioun Kriibskrank Kanner opgedeelt ginn.
Mir soen all de Familljien, Frënn an Enseignanten VILLMOOLS MERCI fir hir generéis Spenden! Dir sidd super!
Weiderliesen