Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 15/05/2015

Fairtrade-Laf 2015

Trotz dem schlechte Wieder sinn d'Kanner, Léierpersonal an nach engagéiert Leit vun de Mamerschoulen, am Kader vun der "Lëtz Step" Aktioun vun Fairtrade Lëtzebuerg, fir méi e gerechten Handel an der Welt gelaf. 628 Kanner a 25 Erwuëssener sinn 5232 Ronnen vun 530m gelaf. Dat mécht am ganzen 2772.9 km (vu Mamer bis op Lanzarote).
D'Kanner si gesponsort ginn vun Elteren, Grousselteren, Monien an Tataen, Frënn a Bekannten. Dobäi ass e ganz schéine Betrag gesammelt ginn, deen demnächst während enger klénger Feier un Transfair Lëtzebuerg iwwerreecht gëtt.
Merci der Gemeng Mamer, den Elterevertrieder, dem Thierry Hübsch an all aneren déi eis bei eiser Aktioun ënnerstëtzt hunn.

Weiderliesen
Publizéiert den 12/05/2015

Kanner lafe fir méi e gerechten Handel

760 Schüler und das Lehrpersonal der Grundschule Mamer laufen für „eine gerechtere Welt“                                    

 

Schüler und Lehrpersonal der Grundschule Mamer sowie die Verantwortlichen der Gemeinde Mamer beteiligen sich an der Aktion “LËTZ’ STEP to Fairtrade”. Am Vormittag des 15. Mai 2015 organisieren sie einen Sponsorenlauf rund um die Schule zugunsten der Kleinbauern des Südens. Sie werden unterstützt von dem amtierenden Landesmeister im Traillaufen Thierry Hübsch , Ambassadeur von Fairtrade.

Die Gemeinde Mamer wird anlässlich dieser kollektiven Solidaritätsbekundung der lokalen Grundschule offiziell als "Fairtrade Gemeng" zertifiziert.

_______________________________

760 élèves et le personnel enseignant de l’Ecole Fondamentale de Mamer courent pour « un monde plus équitable ».

Les élèves et le personnel enseignant de l’école fondamentale de Mamer ainsi que les responsables politiques de la Commune de Mamer participeront à l’action « LËTZ STEP to Fairtrade ». Pendant la matinée du 15 mai 2015 ils organiseront une course sponsorisée autour de l’école Kinneksbond au profit des petits exploitants agricoles des pays du Sud. Ils seront encadrés par le champion national du trail run Thierry Hübsch, ambassadeur de Fairtrade.

A cette occasion, la Commune de Mamer sera certifiée officiellement « Commune Fairtrade ».

Weiderliesen
Publizéiert den 28/04/2015

Startschoss fir d'Campagne "Op Kannerféiss duerch d'Welt"

Eng Delegatioun vu Kanner aus de Mamerschoulen huet stellvertriedend fir d'Kanner aus ganz Europa de Startschoss ginn fir d'Campagne "Kleine Klimaschützer unterwegs". An enger klenger Zeremonie hunn d'Kanner hir Depliante vum Staatssekretär Marc Hansen iwwerreecht kritt an hunn sech dunn matt verschiddene ëmweltfrëndlechen Fortbeweegungsmëttelen op de Wee gemaach.

Weiderliesen
Publizéiert den 19/03/2015

Eclipse solaire 2015

Eclipse solaire 2015: Mesures de précaution:
Les classes de l'école fondamentale de la Commune de Mamer ne quitteront pas les bâtiments pendant la récréation de 10:00 heures.
Les enfants équipés de lunettes protectrices spéciales pourront brièvement observer le spectacle sous surveillance rapprochée de leurs enseignants.
Pendant les déplacements en bus vers le hall sportif (durée 5 minutes) les enseignants veilleront à ce que les enfants ne fixent pas de leurs yeux le soleil.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/03/2015

Kuck a Klick 2015

Am Kader vun der Verkéierserzéihung hunn d'Kanner vum Cycle 2.1 vun de Mamerschoulen eng Formatioun iwwert d'Sécherheet am Stroosseverkéier matgemaach. Des Formatioun heescht "Kuck a Klick" a gëtt vum "Centre de formation pour conducteurs" organiséiert.

Weiderliesen
Publizéiert den 04/12/2014

Boxemännercher APEM/APECCH

D'Elterevereenegungen APEM/APECCH hunn am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi  och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, Boxemännercher ausgedeelt. Anscheinend ware se alleguer ganz brav.

Der APEM an der APECCH e grousse merci vun eis all.

Weiderliesen
1 39 40 41 43 44 45 73