Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 11/07/2014

Schoulfest 2014

Haut demëtten ass eist alljährlecht Schoulfest um Campus Kinneksbond. Éischt Impressiounen fannt dir elo schonn an der Fotosgalerie.
Eng Hellewull Spiller ginn gebueden an fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt.
Eng Miniplayback Show gëtt et och, an mat Spannung gëtt den Optakt vun eisem Baskets- an Fussballs Tournéier gewaart.

Weiderliesen
Publizéiert den 01/07/2014

Classes Découvertes Xonrupt 2014

Sou kuerz ass eng Woch. D'Schülerinnen an Schüler aus dem Cycle 3.2. sinn zeréck vun Xonrupt wou si un sëllechen Aktivitéiten deelhuelen ugebueden kruten an d'Natur vun den Vogesen zu Fouss, um Waasser an um Vëlo entdecken konnte.
Déi schéinsten Foto'en fannt dir an eiser Fotosgalerie.
An mir freeën eis schonn op d'nächst Joer.

Fotosgalerie Xonrupt 2014

Weiderliesen
Publizéiert den 20/06/2014

Fête de la Musique

D'Schülerinnen an Schüler aus dem Cycle 2 waren haut op enger musikalescher Entdeckungsrees am Centre Cuturel Kinneksbond. 6 verschiddenen Atelier'en goufen ugebueden wou an Zesummenaarbecht mat der UGDA divers Instrumenter presentéiert ginn sinn an och selwer probéiert konnten ginn.
D'Kanner aus dem Cycle 3 an 4 haten sech och Rendez-Vous ginn fir an der Paus een Concert fir den assembléierten Cycle 2 ze spillen an ze weisen wat een alles esou kann an der Museksschoul leieren.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/06/2014

Schoulsportdag 2014 - Remerciements

En groussen Merci nach eng Kéier un all déi Fräiwëlleg aus den Mamer Veräiner déi all Joers den Schoulsportdag mat gestallten an ouni déi mer den Schülerinnen an Schüler net kéinten déi fill verschidden Sportaarten ubieden.

Een groussen Merci geet och un d'Elterevereenegungen déi sech all Joers em den Ravitaillement këmmeren an natierlech un d'Léierpersonal déi dat ganzt encadréieren.

D'Fotoen vun der Madame Reuter.

Weiderliesen
Publizéiert den 18/06/2014

Présentation Musicale - Les Salonnards

Mam Thema "Sträichinstrumenter ginn op d'Rees" huet den Orchester "Les Salonnards" ënnert der Leedung vum Martin Elmquist den Schülerinnen an Schüler aus dem Cycle 4 d'Gei den Cello an den Kontrabass méi no bruecht. Wei ëmmer een groussen Merci un den Orchester an un d'Kultur Komissioun fir hir Organisatioun.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/06/2014

Schoulsportdag 2014 - 6. Juni

Op dem sonnegen zweeten Dag vum Schoulsportdag war et un den Schülerinnen an Schüler vum Cycle 4 fir hiert Kënnen ze beweisen an vläit och eng nei Passioun ze entdecken.
Liichtathletik, Volleyball, Flag Football an en Vëloparcours stoungen um Menu. Et war also fir jiddereen eppes derbäi.

Weiderliesen
1 41 42 43 45 46 47 73