Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 24/10/2010

Konzert OLE an der Philharmonie

E Freiden, den 22. Oktober hunn d'Schüler aus dem ganze Cycle 3 un engem flotte Konzert an der Philharmonie deelgeholl.
Während dem Konzert OLE hunn d'Kanner flott spuenesch Rhythmen vu bekannte Komponisten kennegeléiert.

Weiderliesen
Publizéiert den 23/07/2010

Presentatioun vum geplangte Schoulkomplex zu Capellen

E leschte Méindeg gouf eng Informatiounsversammlung ofgehale, wou sech d'Leit iwwer dee geplangte Schoulkomplex zu Capellen informéiere konnten. Niewent dem Buergermeeschter Gilles Roth hat och den Architekt Jim Clemes de Projet ausféierlech virgestallt.

Weiderliesen
Publizéiert den 19/07/2010

Schoulfest 2010 Capellen

E Mëttwoch hun d'Schoulkanner vun der Cap de Schluss vum Schouljoër gefeiert. Am spéiden Nomëtten si mer all vu Stuerm a Reen iwwerrascht ginn. Mee Kanner an Elteren hu beim Ofrappen vun den Zelter gehollef an du konnte mer an der Sporthall weiderfeieren.
E grousse Merci un d'APEC déi gehollef hunn, datt d'Kanner e schéint Fest haten.

Weiderliesen
Publizéiert den 16/07/2010

Tournoi Football Télévie Mamer

D'Arbechter vun der Gemeng Mamer hu kiirzlech fir d'fënneft den Télévie Footballsturnéier organiséiert. An engem héichbesaten an hart emkämpften Tournéier konnt d'Equipe vum Kinneksbond dank excellenter Technik a Bommekonditioun fir drëtt de Gewënner stellen.

Weiderliesen
Publizéiert den 10/07/2010

Schoulfest 2010 Mamer

Bei schéinstem Wieder huet d'Schoulfest zu Mamer stattfond, organiséiert vun dem Léierpersonal an der APEM. Fir Animatioun, Iessen a Gedrenks war beschtens gesuergt. Kanner an Elteren waren begeeschtert. E grousse Merci der APEM an allen anere Veräiner a Leit déi matgehollef hun fir des "journée la plus attendue de l'année scolaire" (citation) ze organiséieren.

Weiderliesen
Publizéiert den 08/07/2010

Cours d'initiation aux premiers secours

D'Kanner aus dem Cycle 4.2 vun de Mamerschoulen hun ënnert der Ledung vum Chantal Leytem-Glodt, infirmière graduée, eng Aféierung an d'Éischt Hëllef kritt. No bestanenem Test hun se all e Certificat iwwereecht kritt.

Weiderliesen
1 53 54 55 57 58 59 73