Publizéiert den 17/05/2010
Journée de la Nature 2010
De Freiden, 7. Mee hunn d'Kanner vum Cycle 3 aus eiser Gemeng sech "op der Drëps" fir déi éischt Editioun vun der "Journée de la Nature" afonnt. D'Grondidee vun desem Dag ass, de Kanner déi verschidde Facettë vum Bësch méi no ze bréngen, an hinnen d'Aë fir eis Natur opzemaachen.
Verschidden Ateliere goufen ugebueden:
- Bëschdéiere kenneléieren
- Waasserqualitéit bestëmmen
- Schneide vun Holzstämm an der Scierie Mobile
- Holzstämm transportéiere mat dem Ardenner Päerd
- Holzstämm splécken
- verschidden thematesch Spillatelieren
Zum Schluss kruten d’Kanner e gudden „Ierzebulli“ zerwéiert, deen se sech gudd schmaache gelooss hunn.
D'Journée de la Nature ass organiséiert gi vum "Grupp Sciences" an enker Zesummenaarbecht mam Bannhidder Patrick Konz a mam Fierschter Fabrice Reuland. Ee besonnesche Merci geet u si, an un d'Gemeng Mamer, de Fierschter Georges Fischbach, de Bëscharbeschter, der FSHCL fir d'Mise à Disposition vun hirem Infomobil, an all déi vill engagéiert Leit, déi zum grousse Succès vun deser éischter Editioun bäigedroen hunn.
Fir de „Grupp Sciences“,
Gast Weydert a Guy Lepage

Weiderliesen