Mamerschoulen

Neiegkeeten


Publizéiert den 11/03/2009

Ausstellung Transfair- Schokola

D’Schüler aus de 6.Schouljoren (vum Danièle Reuter an dem Laurent Lepage) hu sech am Reliounsunterrecht mam Thema ”Onrecht an der Welt” ausenee gesat. Dobäi ware si entsat iwwert déi schlecht an ongerecht Bedingungen ënnert deene vill Mënschen an eiser Welt liewe mussen. Si hunn awer och héiere vu Mënschen an Organisatiounen, déi géint dës Ongerechtegkeete kämpfen a wollte méi doriwwer gewuer ginn. An deem Zesummenhang hu mir den Här Zeien, President vun Tranfair-Minka Lëtzebuerg agelueden. E Mëttwoch 25.3 weist hien hinnen e Film vun Tranfair iwwert de Schokola. Donneschdes moies maachen déi 2 Klassen en Transfair- Moiesiessen an der Schoul.
Gläichzäiteg ass dann och eng Ausstellung vum 25.3 bis den 25.4. wou och aner Klassen, wa si interesséiert sinn, kënne kucke kommen.
Annick Schmit Madeleine Faber


Weiderliesen
Publizéiert den 04/03/2009

Fuesbal op der Cap (20.02.09)

D'Spillschouls- an d'Primärschoulsklassen vun der Cap hunn sech zesummen mat hierem Léierpersonal gutt um Kannerfuesbal ameséiert.

Weiderliesen
Publizéiert den 13/02/2009

Rucksak - Bibliothéik vum Cid-femmes

En Donnechdech de Moien as en 2.Schouljoër vu Bonneweg op d'Cap bei den Ennergrad op Besuch komm fir hei eng ganz Valis Bicher virzestellen. Dës Bicher erziele Geschichten vu Jongen an Meedecher, déi d'Kanner zum Nodenken ureegen sollen. An denen nächste Wochen kennen d'Kanner d'Bicher mat Heem huelen fir se do ze liesen oder se virliesen ze loossen.

Weiderliesen
Publizéiert den 11/02/2009

Séance de théâtre

Les mercredi, 4 et jeudi 5 février 2009, 220 enfants de l'enseignement précoce et préscolaire ont eu l'occasion d'assister à une séance de théâtre. Daniel Tanson et son équipe ont montré "Di kleng Int".

Weiderliesen
Publizéiert den 10/02/2009

Réunion d'information sur la nouvelle loi scolaire

Madame la Ministre de l'Education Nationale viendra à Mamer au Kinneksbond informer les parents des élèves sur les contenus et les objectifs de la nouvelle loi scolaire votée par la Chambre des députés le 20 janvier 2009.

Weiderliesen
Publizéiert den 30/01/2009

Relais pour la vie

Den 28. an 29. Mäerz lafen d'Jofferen an d'Schoulmeeschteren beim 24 Stonnelaf vum Relais pour la vie an der Coque mat. Ween interesséiert ass ka matlafen a soll sech am Sekretariat vun der Schoul mellen.

Weiderliesen
1 60 61 62 64 65 66 73