Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 27/10/2023

Hierscht am Schoulgaart vum Cycle 1

Am Gaard fannen mir elo rout Rommelen, déi schmaache net nëmme gudd, mee mat deene kann een och nach wonnerbar molen! Nom Planze gëtt de Buedem erëm schéin zréck op de Kompost gekiert an d'Händche propper opgehang. Esou ass eise Gaart an d'Schaffgeschier scho prett fir am Fréijor eist Lieblingsgeméis ze planzen. Bei engem flotte Geméismemmorie op Kachläffelen léieren d'Kanner spillerech d'Geméisnimm kennen


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 13/10/2023

Mamer Chess Club


Weiderliesen
Publizéiert den 03/10/2023

Sicona Kids

Wëllkomm bei SICONA kids !

Du wëlls un enger Naturaktivitéit fir Kanner an denger Gemeng Deel huelen, an denger Fräizäit ökologesch Zesummenhäng erkennen, z.B. wéi een Afloss de Mënsch op d’Natur huet oder wéi d’Joreszäiten funktionéieren? Du wëlls Freed, Spill a Spaass an der Natur?

Da bass du bei eis richteg! Komm mat a mell dech un!

Flyer fir sech unzemellen fannt Dier hei.


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 03/10/2023

Appeldag 2023

Den 04. Oktober 2023 bei herrleschen Hierschtwieder hun sech d'Kanner vum Cycle 2.2 aus de Schoulen Mamer a Capellen zesummen mat hirem Léierpersonal mat dem Thema "Alles ronderëm den Apel" beschäftegt.

Merci alle Bénévolen déi gehollef hun.


Weiderliesen
Publizéiert den 02/10/2023

Natur erliewen an der Gemeng matt SICONA Kids

SICONA Kids bitt vu September bis Dezember 3 Atelieren an der Natur un. Umeldung a weider Detailer fannt dir um Flyer.


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 18/07/2023

SCHECKIWWERREECHUNG FAIRTRADE LAF 2023

De Freiden, 14. Juli 2023 gouf am Festsall vun der Mamer Schoul ee Scheck vu 15.700 Euro un de Responsabele vu Fairtrade, Jean-Louis Zeien, iwwerreecht. D'Suen waren am Kader vum Fairtrade Laf de 25. a 26. Mee am Park Brill gesammelt ginn.

D'Gemeng war duerch de Buergermeeschter Gilles Roth an d'Schäffe Roger Negri a Luc Feller bei der Scheckiwwerreechung vertrueden.


Weiderliesen
1 5 6 7 9 10 11 73