Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 10/05/2023

Cours de langue et culture portugaises

Wei all Joer fënnt an der Mamer Schoul een portugiseschen Cours fir Kanner statt.

Wann Dier interesséiert sidd fir är Kand nächst Joer anzeschreiwen, dann fëllt w.e.g d'Fiche d'Inscriptioun an der Annexe aus.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 05/05/2023

Basketball4kids

En Dënschden, den 2. Mee an en Donneschden de 4. Mee war de BBC Mambra Mamer zesumme mat der FLBB op Besuch zu Mamer an Schoul.

An der Sportshall Kinneksbond hun Sie verschiddenen Atelieren am Basketball zesummen mat den Kanner aus de Klassen vum Cycle 2 an 3 gemach.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 19/04/2023

Scheckiwerrechung an der Mamer Spillschoul

Bei der traditioneller Liichtmëssdag-Aktioun vun dem Précoce an Préscolaire Mamer hunn d'Kanner, d'Elteren an d'Schoulpersonal fläisseg Suen gesammelt fir 'Stëmm vun der Strooss asbl' ze ënnerstëtzen.

Zesummen mat der Directrice Alexandra Oxacelay vun der Stëmm a dem Gemengenschäffen Roger Negri hun d'Kanner an dem Schoulpersonal een Scheck vun 3.340.- Euro un d'Direktioun 'Stëmm vun der Strooss' iwwerrecht.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 31/03/2023

Ouschterhues

Den 31. Mäerz 2023 war den Ouschterhues an der Schoul zu Capellen op Besuch.

Fir de Kanner eng kleng Freed ze mache krut all Kand vun der Elterevereenegung APECH en leckeren Ouschterhues.

E grousse Merci un d' Membere vun der APECH fir dee léiwe Geste.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 31/03/2023

Schéin Ouschteren

Pünktlech fir d'Ouschteren war haut den moien den Ouschterhues op Besuch um Campus Kinneksbond zu Mamer. All Kanner a Schoulpersonal aus dem Précoce, der Spillschoul an dem Primaire kruten een gudden Ouschterhues fir ze iessen.

Groussen Merci un d'APEM.


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 06/02/2023

Téléthon an Cent Buttek

Dëser Deeg war an der Schoul zu Capellen d‘Chèqueiwwereechung fir den Téléthon.

D’Schoulkanner vun der Cap an Holzem haten um Chrëschtmaart zu Mamer fläisseg Suen gesammelt an sou konnten si e Chèque an enger Héicht vun 1052 € zu Gonschten vum Téléthon iwwerreechen.

Ausserdeem haten d'Schoulklassen aus der Schoul vun Capellen zesummen mam Léierpersonal wärend der Chrëschtzäit d’Aktioun „ëmgedréiten Adventskalenner“ lancéiert.

All Dag hunn d’Kanner Iessen an Hygiènesproduiten fir manner bemëttelt Léit matbruecht an an groussen Këschten geluecht.

Den Erléis ass un den „Cent Buttek“ vun Beggen gaangen.


Weiderliesen
1 7 8 9 11 12 13 73