Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 03/02/2023

Liichtmëssdag 2023

Et ass Liichtmëssdag an d'Kanner aus der Spillschoul vun Capellen waren an de HPPA zu Mamer fir dës fantastesch Traditioun ze féieren. No engem lëtzebuergeschen Gebrauch bréngen d'Kanner mat hiren faarwegen Lampionen d'Liicht an d'Haiser an an d'Häerzer vun de Léit. Dobäi däerf natierlech de Gesang net feelen.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 02/02/2023

Liichtmessdag 2023

Den 2. Februar 2023 waren d'Kanner aus dem Mamer Précoce an der Spillschoul um Kinneksbond ënnerwee fir an den Cycle 2-4 liichten ze goen.
Den 2. Februar as traditionel den Dag vum Liicht. No engem lëtzebuerger Gebrauch bréngen d'Kanner deen Daag mat hiren Lampion'en d'Liicht an d'Haiser. Dobäi ginn d'Kanner vun Haus zu Haus a sangen e Lidd. Als Merci kréien si vun den Läit Séissegkeeten oder Suen.

Text vum Lidd:

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 25/01/2023

Youtube-Channel Mamerschoul

Am neie Youtube-Channel "Mamerschoul" fënnt een eng grouss Sammlung u Lernvideos zu diverse Schoulfächer.

Praktesch fir eng Matière ze verstoen, ze widerhuelen, opzefrëschen.

(12) Mamerschoul - YouTube


Weiderliesen
Campus scolaire Capellen
Publizéiert den 23/12/2022

Dioramen Deieren

Den Cycle 3.2 vu Capellen huet Dioramen zu engem Déier gemaach an e Steckbréif derzou geschriwwen. Nodeems se an der Klass virgestallt goufen, konnt jiddfereen se am Hall vun der Caper Schoul bewonneren.


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 09/12/2022

LÉIWE KLEESCHEN, GUDDE KLEESCHEN

En Freiden, den 2. Dezember 2022 war héije Besuch an dem Précoce a der Spillschoul vun der Mamer a Caper Schoul.

De Kleeschen an den Houseker haten sech ugemellt an goufen vun de Kanner, dem Schoulpersonal an dem Schäffen Luc Feller empfaange.

All Kand krut eng Titchen an eng Foto mam Kleeschen an sengem Gesell.

Merci dem Syndicat d'Initiative et de Tourisme Mamer.


Weiderliesen
Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 02/12/2022

Boxemännchen 2022

D'Elterevereenegungen APEM/APECCH hunn am Numm vum Kleeschen de Kanner, den Enseignanten an all anere Matarbechter déi och mathëllefen dass d'Schoul esou gutt fonctionnéiert, eng 900 Boxemännercher ausgedeelt.
Der APEM an der APECCH e grousse Merci vun eis all.

Weiderliesen
1 8 9 10 12 13 14 73