Mamerschoulen

Neiegkeeten


Campus scolaires Mamer & Capellen
Publizéiert den 06/04/2022

Ouschterhues

Den 31. März 2022 war den Ouschterhues an der Mamer Schoul op Besuch.
Fir de Kanner eng kleng Freed ze machen krut all Kand vun der APEM een leckeren Ouschterhues.
Merci un d'Memberen vun der APEM.

Weiderliesen
Publizéiert den 06/04/2022

Projet '1.000 Luchten fir 1.000 Deeg'

Dëst Joer hun eis zwou Schoulen um Projet vun den 1000 Luuchten deel geholl. Lampionen a Luuchten déi an de Klasse respektiv an der Maison Relais gebastelt ginn, sinn am Kader vum Mamer Chrëschtmaart vun 03. - 05. Dezember 2021 verkaft ginn.
Mam Erléis vum Verkaf ënnerstëtzt CARE Mammen déi éischt 1.000 Deeg no der Gebuert vun hire Kanner.
Insgesamt sinn 7.392.35 Euro era komm.
De Scheck gouf e Freiden, den 1. Abrëll 2022 an der Schoul vu Capellen a Presenz vum Buergermeeschter Gilles Roth, de Schäffe Roger Negri a Luc Feller, esou wéi de Presidente vun de Schoulcomitéë Bob Feyereisen a Maryse Baden, un de Vertrieder vu CARE, Pit Bichel iwwerreecht.


Weiderliesen
Campus scolaire Mamer
Publizéiert den 05/04/2022

Liichtmëssdag-Aktioun Mamer Schoul

Bei der traditioneller Liichtmëssdag-Aktioun vun dem Préscolaire Mamer hunn d'Kanner, d'Elteren an d'Schoulpersonal fläisseg Suen gesammelt.
Dëst Joer as den Erleis un  d'Permanence Médico-Psycho-Sociale vun Médecins du Monde gaang.

Zesummen mat den Gemengenschäffen Luc Feller a Roger Negri hun d'Kanner an d'Schoulpersonal een Scheck vun 2.715,5.- Euro un d'Direktioun vun Médecin du Monde iwwerrecht.
 


Weiderliesen
Publizéiert den 16/03/2022

Liichtmëssdag 2022

Den 2. Februar as traditionel den Dag vum Liicht wou dest Joer och erem d'Kanner aus dem Précoce an der Spillschoul vun Mamer a Capellen op hieren jeweiligen Siten ennerwee waren.
No engem lëtzebuerger Gebrauch bréngen d'Kanner deen Daag mat hiren Lampion'en d'Liicht an d'Haiser. Dobäi ginn d'Kanner vun Haus zu Haus a sangen e Lidd. Als Merci kréien si vun den Läit Séissegkeeten oder Suen.


Text vum Lidd:


Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.


Version von Nik Welter (1929)


Weiderliesen
Publizéiert den 03/12/2021

Boxemännchen

E Freideg, 3.12.2021 kruet all Kand aus der Grondschoul Mamer vun den Elterevereenegungen (APEM an APECH) e Boxemännchen.
Mir soen hinne villmools Merci fir dee léiwe Geste.

Weiderliesen
Publizéiert den 03/12/2021

Kleeschen Schoulen Mamer a Capellen

Haut war de Kleeschen an säin däischtere Gesell zu Mamer op Besuch an der Spillschoul wou d'Kanner aus Cycle 1 Précoce an der Spillschoul eng Tiitchen iwerrecht kritt hun. 

Weiderliesen
1 10 11 12 14 15 16 73