Busschoul fir de Cycle 1.2
Och dest Joër waren d'Tigeren aus der Spillschoul op Bascharage an d'Busschoul. Hei léieren d'Kanner dat richtegt Verhalen fir sëcher mam Bus ze fueren.
Weiderliesen
Och dest Joër waren d'Tigeren aus der Spillschoul op Bascharage an d'Busschoul. Hei léieren d'Kanner dat richtegt Verhalen fir sëcher mam Bus ze fueren.
An der Grondschoul zu Mamer ginn et mëttlerweil e puer Klassen, déi nom Churermodell schaffen. De Bob Feyereisen a Gast Weydert, déi mat dësem Modell zu Mamer ugefaangen hunn, erklären an dësem Reportage wéi si de Churermodell uwenden an ugepasst hunn a wéi eng Roll de Raum dobäi spillt.
https://www.developpement-scolaire.lu/dds-resources/de-churermodell-an-der-mamer-grondschoul/
Eng faarweg Welt Cycle 4.2 Capellen
Loscht op eng spannend Geschicht?
Schoulklasse vum Carole Kauth (Cycle 4.2 Mamer) an Tom Carier (Cycle 2.2 Mamer) hunn zesummen een klengen Projet ausgeschafft wou Sie een flott Buch mat Zeechnungen iwwert di lescht Wochen gemeet hun.
De Text as op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch an iwwert een QR Code ze lauschteren.
D'Buch 'De verschwonnenen Zaubertrank' kritt een ze kaafen fir 5 Euro.
Den Erléis as fir d'Associatioun Nepalimed Luxembourg Asbl.
De Mëttwoch, den 8. Juni 2022 war de Minister Claude Meisch an dem Préscolaire Kinneksbond vun der Klass Taiga Zeien zu Mamer.
Am Kader vum engem UGDA-Projet as Schoulstonn gouf vum Sabine Walsch gehaal.
D’Zil vum Projet ass et de Kanner d’Musek an d’Instrumenter méi no ze bréngen. Wärend engem Trimester kruten d’Kanner Kueren am Beräich vun der Musek ugebueden.
De Buergermeeschter Gilles Roth an déi zwee Schäffe Roger Negri a Luc Feller hunn de Minister bei senger Visitt begleet.
E Mëttwoch, den 18. Mee, gouf den traditionellen Beiendag vun der Grondschoul vu Mamer um Campus Kinneksbond organiséiert.
D’Zil vun deem Dag war d’Kanner aus dem Cycle 3 vum Mamer a Capellen nach besser iwwert d’Beien ze sensibiliséieren an een Abléck an hiert Liewen ze kréien.
A verschiedenen Workshopen kruten d’Kanner méi Informatiounen iwwert d’Insekten.